Rees op Natzweiler vum Samsdeg den 9. September bis Sonndegs den 10. September 2023

Mir invitéieren Iech ganz häerzlech op eis Rees an d’fréiert KZ NATZWEILER-STRUTHOF. Dëst Joer fueren mir 2 Deeg, vu Samschdes den 9. September bis Sonndes den 10. September 2023.

Samschdes Moies fuere mir mat engem modernen, komfortabelen Bus mat Toilette vun der Firma Siedler-Thill et Fils op Natzweiler. Fir Gedrénks am Bus ass natierlech gesuergt. Mir fueren um 7:00 Auer bäi dem Garage Siedler-Thill et Fils, 19 rue de l’Usine, Rëmeleng, respektiv um 7:30 Auer um PR Jonglënster fort. Vun do aus geet et op Fouday bei Natzwiller wou mir fir d’Mëttegiessen beim Restaurant „Chez Julien“ ukommen. Ënnerwee hale mir eng Kéier stall fir Kaffi ze drénken oder sech d’Féiss e bëssen ze vertrëppelen.

Nom Mëttegiessen fueren mir mam Bus an dat fréiert KZ Natzweiler-Struthof, wou mir ënnert anerem Blummen néierleeën fir déi Lëtzebuerger ze éieren, déi um Struthof gelidden hunn an déi di do ëmkomm sinn. Duerno maache mir d‘Visitt vum Lager. Uschléissend geet et op Molsheim an den 4-Stären-Hotel Diana wou mir zu Nuecht iessen an schlofen. Sonndes Moies nom Kaffi besiche mir den Mémorial Alsace-Moselle zu Schirmeck. Nom Mëttegiessen zu Fouday am Restaurant „Chez Julien“ fueren mir dann heem. Reservatioun an Umeldung:

De Präis vun der ganzer Rees ass:

225 € pro Persoun am Duebelzëmmer,

290 € am Eenzelzëmmer

An deem Präis sinn abegraff:

• Kaffi op der Hirees

• 2x Mëttegiessen am Restaurant Julien zu Fouday

• Hotel mat Hallefpensioun

• Entréeën

• Rees mam Bus

Wann Dir un dëser Rees interesséiert sidd:

Iwwerweist w.g.l. virum 11. August 2023 op de Konto vun der Amicale Natzweiler-Struthof: LU98 0090 0000 1236 6514 bäi der Banque Raiffeisen / CCRALULL an mentionéiert w.g.l. d’Nimm vun all deenen Leit, déi matfueren:

- 225 € am Duebelzëmmer pro Persoun, oder

- 290 € am Eenzelzëmmer

an mellt Iech w.e.g. beim President um Tel.: 621 120 106 oder per E-mail: husspitt@pt.lu un.

Mat beschte Gréiss

De Comité


Gedenken zu Déifferdeng den 19. Mee 2022

E puer Andréck vun eiser Gedenkfeier vum 19. Mee


Rees op Natzweiler vum Samsdeg den 11. September bis Sonndegs den 12. September 2021

Den 11. an 12. September huet d’Amicale Natzweiler-Struthof Lëtzebuerg rëm eng Rees an dat fréiert KZ Natzweiler-Struthof an de Vogesen gemaach. Dëst KZ war dat eenzegt op franséischem Bueden, a gëtt all Joer vun 200.000 Leit besicht.

Nazien haten op dëser Plaz, um Mont Louise, rosa’en Granit fonnt deen se wollten ofbauen fir dem Hitler säin Wahn-Bauprojekt “Germania” zu Berlin ze realiséieren. Am Mee 1941 ass e Lager opgeriicht ginn wou Krichsgefaangener ënner onmënschlechen Konditiounen deen Granit hu missen ofbauen. No an no ass aus dem Lager e Vernichtungslager ginn. 52.000 Deportéiert hunn um Struthof an a sengen Niewelageren d‘Hell op der Äerd erlieft. Méi wéi 20.000 vun hinnen hunn net iwwerlieft. D’Amicale Natzweiler-Struthof mécht all Joer eng Rees dohin fir all deenen, a besonnesch den 418 Lëtzebuerger déi do gelidden hunn an vun deenen der 88 net méi Heem komm sinn, ze gedenken. 

Samsdegs Mëttes huet d’Amicale an der “Kiselkaul” vum Lager Blummen néiergeluecht fir speziell déi 7 Lëtzebuerger Jongen ze éieren déi do den 19. Mee 1944 vun den Nazien erschoss gi sinn. Eng zweet Gerbe ass virun der Lëtzebuerger Gedenkplack an der Aeschekaul néiergeluecht ginn. Duerno gouf mat engem Guide vum CERD (Centre Européen du Résistant Déporté) eng interessant Féierung duerch d’Lager gemaach.

Owes, um 9 Auer, ass zesummen mat der franséischer Amicale eng “Veillée aux flambeaux“ ofgehale ginn. Bei dëser ergräifender Zeremonie ass och d’Lidd “Komerode vum Kazett“ wat vum Ed. Barbel am Januar 1944 am KZ Natzweiler geschriwwe gi war, ofgespillt ginn. 

Sonndegs Moies war dunn, zesummen mat den Amicallen vu Frankräich, Holland an Norwegen eng impressionant Gedenkfeier virum deem nei restauréierten an imposanten Mémorial.

Bai dëser Geleeënheet ass engem engleschen Navigator säi Bracelet mat Numm dran, un seng Famill iwwerreecht ginn. Säin Fliger war an der Géigend vum KZ, bäi der Uertschaft Ottrott, ofgeschoss ginn. Hien ass vun den Nazien am KZ Natzweiler-Struthof, entgéint all Konventiounen, opgehaangen ginn. Dëse Bracelet ass virun 3 Joer vun enger Studentin, déi am Summer an der Vakanz do geschafft huet, an der Aeschekaul fonnt ginn an ass lo rëm a senger Heemecht ukomm. 

Et bleift ze hoffen, datt an deenen nächsten Joren sech nach ëmmer genuch Leit afannen fir mat der Amicale zesummen déi léierräich Rees an dat fréiert KZ Natzweiler-Struthof ze maachen.


Rees op Natzweiler vum Samsdeg den 12. September bis Sonndegs den 13. September 2020

Den 12. a 13. September war d ’Amicale Natzweiler-Struthof mat enger Delegatioun an den Vogesen um KZ Natzweiler-Struthof fir d ’Aweiung vun dem restauréierten Mémorial an der Nekropole.


Gedenken zu Déifferdeng 2020


Assemblée Générale Amicale Natzweiler-Struthof 2020


Rees op Natzweiler vum Freideg den 13. September bis Samsdeg den 14. September 2019

Och dëst Joer waren mir op Natzweiler, an hunn do zesummen un der internationaler Gedenkfeier deelgeholl. 75 Joer no der Evakuatioun vum KZ war dëst eng ganz emotional a würdeg Gedenkfeier. Weider Informatiounen fannt Dir op  http://www.struthof.fr/actualites/detail/article/ceremonie-internationale/


Assemblées Générales Ordinaire an Extraordinaire Amicale Natzweiler-Struthof 2019


Rees op Natzweiler an an Europaparlament den 9. an 10. September 2018

Amicale Natzweiler-Struthof ass zesummen mat interesséierten Leit den 9. September an KZ Natzweiler gefuer, an dunn den 10. am Europaparlament op Aluedung vum Här Goerens. Den Ambassadeur Permanent zu Stroossbuerg, den Här Müller, konnt eis déi 2 Deeg mat begleeden. Geschicht an aktuell Zäitgeschicht konnten sou während 2 ganz interessanten Deeg vermëttelt ginn.
Déi vill positiv Echoen bestärken eis natierlech doran, dat mir och nächst Joer Uganks September eng Rees dohinner ënnerhuelen wäerten. Den geneeën Programm steet nach net fest, mee all Interesséiert kënnen schonn gären éischt Informatiounen iwwert eis Email info@amicale-natzw.lu ufroen.


Rees op Natzweiler 2017

D’Amicale Natzweiler-Struthof ass den 2. September op Natzweiler gefuer, fir do den Lëtzebuerger ze gedenken, déi virun méi wéi 75 Joer an dësem KZ – deem eenzegen op franséischem Territorium – joerelaang gelidden hunn, an leider och vill hiert Liewen hunn missen loossen.

Mir hoffen dat sou eppes nie méi wäert geschéien, an duerfir halen mir Erënnerung un déi donkelst Stonnen aus dem 20. Joerhonnert oprecht. Och nächst Joer wäerten mir dohin fueren, an d’Amicale ass fir all interesséiert Leit op. Dir kënnt iech gären iwwert www.amicale-natzw.lu umellen oder och Informatiounen zu eisen villen verschidden Aktivitéiten ufroen.